Editions Guy Binsfeld

Editions Guy Binsfeld Premier éditeur de guides touristiques au Luxembourg, éditeur de référence en matière de beaux livres

23/01/2025
3 Woche laang huet d’WOXXeen Abléck an dem Etienne Duval säin éischt Kannerbuch „Deux lits chez Billie“ ginn, mat engem ...
20/01/2025

3 Woche laang huet d’WOXXeen Abléck an dem Etienne Duval säin éischt Kannerbuch „Deux lits chez Billie“ ginn, mat engem Interview https://www.woxx.lu/?s=duval a groussformategen Extraiten aus dem Buch. – Villmools Merci Woxx, dass dir dësem Buch dee verdéngtene Raum ginn hutt!

03/01/2025

„Ech simuléieren ëmmer méi“

Jeff Schinker

Goss vum Guy Rewenig ass ee méi wéi gelonge Comeback vum Lëtzebuerger Roman

Déi ganz Ekipp vun den éditions guy binsfeld wënscht Iech e wonnerschéint neit Joer! Op dass 2025 esou gemittlech, verdr...
02/01/2025

Déi ganz Ekipp vun den éditions guy binsfeld wënscht Iech e wonnerschéint neit Joer! Op dass 2025 esou gemittlech, verdreemt a mat Bicher gefëllt gëtt, wéi dës Zeechnung vum Keong-A Song😊

Mat dësem flotte Bäitrag geet 2024 op een Enn. Merci dofir Bea Kneip! Mir wënsche jidderengem ee gudde Rutsch a freeën e...
31/12/2024

Mat dësem flotte Bäitrag geet 2024 op een Enn. Merci dofir Bea Kneip!
Mir wënsche jidderengem ee gudde Rutsch a freeën eis schonn op e bicherräicht Joer 2025 mat Iech!

Ass de Sascha Rink e sympathesche Liewenskënschtler oder just e skrupellose Ligener?

14/12/2024

Hannert der 14. Dier verstoppt sech d'Buch "Ouninumm", geschriwwe vum Jhemp Hoscheit an erausgesicht fir iech vum Laurent:

'"Ouninumm" ass e Roman iwwert mental Gesondheet. De Jhemp Hoscheit beschreift d'Gefills- a Gedankewelt vun engem Kand, dat eng ganz schlëmm Erfarung mécht. Dorënner leit seng Bezéiung zu senger Mamm, zu senge Frëndinnen - mee virun allem déi zu sech selwer. Mir erliewen, wéi et léiert, dat, wat geschitt ass, opzeschaffen - a wéi wichteg dobäi och d'Roll vu senge Matmënschen ass. "Ouninumm" geléngt et dobäi, en haart (mee wichtegt) Theema mat enger erstaunlech duusser Sprooch unzeschwätzen.'

08/12/2024

Un dësem zweeten Adventssonndeg hu mir e lëtzebuergescht Buch fir Iech, erausgesicht vum Laurent: "goss" vum Guy Rewenig:

"Am Guy Rewenig sengem "Goss" huet de Sascha eng genial Geschäftsiddi, ma d'Bank verlaangt als éischt mol säin CV. An dee schreift de Sascha - op knapp 650 Säite gëtt de Lieser gewuer, wien hien ass a wat hien ausmécht. An esou en Dokument wier natierlech net vollstänneg, wann et net e puer Méint virun der Gebuert am Leif vun der Mamm usetze géif.

Just - wat dierf ee gleewen? Wat ass wouer a wat erfonnt am Liewenslaf vum Sascha Rink, fir deen déi héchste Konscht ëmmerhin d'Simuléieren ass?"

Merci fir d’Recommandatioun Tageblatt! Wie méi iwwert eisen neien Trëppelguide fir Kanner („Depart lass Luxemburg!!! 33 ...
01/12/2024

Merci fir d’Recommandatioun Tageblatt! Wie méi iwwert eisen neien Trëppelguide fir Kanner („Depart lass Luxemburg!!! 33 kinderleichte Wanderungen“) wëll wëssen, sollt onbedéngt dësen Artikel vum Marco Goetz liesen!🗞️

Das Buch „Depart lass!“ listet auf 188 Seiten 33 Vorschläge für Wanderungen mit Kindern aller Altersgruppen auf. Zudem bietet es Anregungen für Spiele und Entdeckungen sowie nützliche „Eulenweisheiten“.

JUBILÄUMS-ZITAT-NUMMER-12: Eis Jubiläums-Zitat-Serie geet mam Jean Back op een Enn. Mir soe jidderengem Merci, deen dëse...
01/12/2024

JUBILÄUMS-ZITAT-NUMMER-12: Eis Jubiläums-Zitat-Serie geet mam Jean Back op een Enn. Mir soe jidderengem Merci, deen dëse 45. Gebuertsdag zu eppes ganz Besonneschem gemaach huet! Merci deenen, déi op eis Liesunge komm sinn, eis esou léif Messagë geschéckt hunn, mat eis bei deene verschiddensten Occasiounen op eisen Anniversaire ugestouss hunn an all den Auteuren, déi eis zënter 45 Joer mat hire Bicher beglécken! E Merci geet och un all d’Librairen an e besonnesch häerzleche Merci gëllt der Librairie Ernster, déi eis zu Éieren eng riseg Vitrinn organiséiert an eisem Gebuertsdag eng Bün ginn huet. Esou vill wéi eis Regaler mat Bicher gefëllt sinn, sinn eis Häerzer elo voller Léift. Merci Iech all!

E risege MERCI un d’Bibliothèque nationale du Luxembourg fir d’Invitatioun an d’Organisatioun: De Paul Schmit huet säi W...
25/11/2024

E risege MERCI un d’Bibliothèque nationale du Luxembourg fir d’Invitatioun an d’Organisatioun: De Paul Schmit huet säi Wierk „« MON CŒUR DIT OUI, MAIS MA TÊTE DIT NON. » La Grande-Duchesse Charlotte et le gouvernement luxembourgeois sur le chemin de l’exil en 1940“ virun e puer Deeg an dëse wonnerbare Raimlechkeete virgestallt. E bessere Startschoss fir d’Buch hätte mir eis net kënne wënschen!

An der wuel leschter Ausgab vun der Tageblatt-Bicherbäilag heescht et haut iwwert dem Guy Rewenig säi Wierk „Bärenklau“,...
22/11/2024

An der wuel leschter Ausgab vun der Tageblatt-Bicherbäilag heescht et haut iwwert dem Guy Rewenig säi Wierk „Bärenklau“, et wier „gnadenlos lustig und eine Ode an das Schreiben“. „Es ist ein Quietschvergnügen, sich mitreißen zu lassen von diesem schelmischen Text mit seinen absurden Thesen, Herleitungen und Folgerungen [...] Bärenklau ist eine triumphale Festrede auf die Literatur, zu Ehren des 45. Jubiläums des Heimatverlags des vielleicht emsigsten luxemburgischen Autors.“ Merci Claire Schmartz – e méi schéine Bicherbäilag-Ofschloss hätte mir eis fir eisen Deel net kënne wënschen!

16/11/2024

Den éischten Dag op de Walfer Bicherdeeg läit hannert eis. Muer geet et zum Gléck virun – an dat och nees mat engem volle Programm!
📖 13h30 – Étienne Duval & Martine Schoellen: „Deux lits chez Billie“/„Billie, Biber, Bridderchen“ (Books for kids 2) 🦫
📖 14h30 – D’Buchpräis-Gewënnerinne Myriam Karels & Diane Orban (ORKA - De Wëlle leeft an der Broutgaass): „Et rabbelt an der Broutgaass“ um (Books for kids 2)🎅
📖 15h00 – Jean Schoos: „Attentat“ ( Maison Dufaing)🕵
✂️Um 15h15 Auer bidde mir e Bastelatelier zu eisem neie Familljewanderguide „ Depart lass“ un (Books for kids 3)🥾
📖 17h00 – Jhemp Hoscheit: „Ouninumm“ (Maison Dufaing) ❤️‍🩹
Mir freeën eis op Iech!

Dëst Joer ass de Kleesche schonn e bësschen éischter wéi soss bei eis komm ... Gëschter Owend gouf eist Buch „Et rabbelt...
15/11/2024

Dëst Joer ass de Kleesche schonn e bësschen éischter wéi soss bei eis komm ... Gëschter Owend gouf eist Buch „Et rabbelt an der Broutgass“ direkt mat zwee Lëtzebuerger Buchpräisser ausgezeechent. De Präis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch an de Prix du Public (Kannerbuch) ass dëst Joer un eis Schrëftstellerinnen Diane Orban a Myriam Karels gaangen! Mir freeën eis immens mat hinnen a si glécklech, dass déi originell Geschicht an d’Interaktivitéit vum Buch de Jury an d’Lieser*inne grad esou konnt iwwerzeegen, wéi eis deemools. E bessere Startschoss fir déi 29. Walfer Bicherdeeg hätte mir eis net kënne wënschen!

Bicherwelt opgepasst: De Weekend bréngt de Jhemp Hoscheit  säi Wierk „Ouninumm“ eraus – e Buch, dat gläichermoosse fir J...
13/11/2024

Bicherwelt opgepasst: De Weekend bréngt de Jhemp Hoscheit säi Wierk „Ouninumm“ eraus – e Buch, dat gläichermoosse fir Jugendlecher an Erwuessener ass. Ëm wat et geet: E Meedchen schafft eng laang verdrängten a fuerchtbar Erënnerung aus senger Kandheet op. Mat vill Fangerspëtzegefill verzielt de Jhemp Hoscheit all Etapp, déi d’Ouninumm op sengem schwéiere Wee muss duerchgoe fir sech selwer ze hëllefen a vun anere kënnen Hëllef ze kréien. Esou erënnert hien dorun, firwat et esou wichteg ass mat Kanner iwwer mental Gesondheet ze schwätzen.
Eng éischte Kéier liest hien de Sonndeg um 17.15 Auer op de Walfer Bicherdeeg an der Maison Dufaing. Kommt🙂

„Décke Goss ze hunn“ kritt duerch de Guy Rewenig an e puer Deeg eng nei Bedeitung. Fir d’Bicherrentrée publizéiere mir s...
11/11/2024

„Décke Goss ze hunn“ kritt duerch de Guy Rewenig an e puer Deeg eng nei Bedeitung. Fir d’Bicherrentrée publizéiere mir säin neie Schelmenroman „Goss“, deen eng 672 Säiten déck wäert sinn. Doran huet de Protagonist Sascha Rink sech d’Ligen zum Geschäft gemaach. Et ass deels schwéier ze erkennen, wat plausibel a wat imaginär ass.
De 14. November liest de Guy Rewenig eng éischte Kéier aus sengem Wierk vir: um 19.30 Auer am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref. Let’s GO(ss)!

Ass de Sascha Rink (24) e Genie oder en décken Téinert? Eng “Intelligenzbomm” – wéi hie sech selwer nennt -, déi mat schaarfem Verstand alles duerchkuckt, oder e raffinéierten Opportunist, dee säi Liewenslaf vu vir bis hannen erfënnt? En héichsensibele Kärel oder en onverschimmten Nä...

Kennt dir eis nach? Ech sinn d’Charlotte an dat ass mäi Kolleeg, de Monsieur Hibou. Mir ginn ëmmer Plaze mat Wooow-Effek...
05/11/2024

Kennt dir eis nach? Ech sinn d’Charlotte an dat ass mäi Kolleeg, de Monsieur Hibou. Mir ginn ëmmer Plaze mat Wooow-Effekt besichen! Eis 33 Liblings-Trëppeltier präsentéiere mir an engem neie Buch: „Depart lass“! Wou fënnt een déi schéinste Wanderweeër? Wéi eng Spiller kann een ënnerwee maachen? A wat kann ee bastele mat Material, dat een an der Natur fënnt?
Entdeckt Lëtzebuerg elo zesumme mat eis – vum 14. November u bei eis um Site an all Librairie! Mat Illustratioune vum Keong-A Song a Fotoe vum Gérard Moll👇
www.editionsguybinsfeld.lu/fr/shop/depart-lass/

Adresse

14, Place Du Parc
Luxembourg
2313

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Editions Guy Binsfeld erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Editions Guy Binsfeld senden:

Teilen

Kategorie