Beeforter

Beeforter Neiegkeeten an Informatiounen aus der Gemeng Beefort Neiegkeeten an Informatiounen aus der Gemeng Beefort.

Déi offiziell Facebook-Säit vun der Gemeng fënnt een ënner www.facebook.com/GemengBeefort

12/05/2023

𝐖𝐢𝐫 𝐬𝐢𝐧𝐝 𝐦𝐢𝐭 𝐮𝐧𝐬𝐞𝐫𝐞𝐫 𝐧𝐞𝐮𝐞𝐧 𝐇𝐨𝐦𝐞𝐩𝐚𝐠𝐞 𝐎𝐍𝐋𝐈𝐍𝐄 😀😀

Neue Bilder- Neues Design - Viele Information rund um unsere Schlösser, Öffnungszeiten und Partner in der Region.

www.beaufortcastles.com 🌺🌺

Den traditionelle Rendezvous op Päischten zu Beefort a jidderee ka mattrëppelen 🥾🥾
25/04/2023

Den traditionelle Rendezvous op Päischten zu Beefort a jidderee ka mattrëppelen 🥾🥾

Den 3. Juni organiséieren d'Theaterfrënn Beefort een Tournoi am Wikingerschach. Wikingerschach huet allerdéngs näischt m...
24/04/2023

Den 3. Juni organiséieren d'Theaterfrënn Beefort een Tournoi am Wikingerschach. Wikingerschach huet allerdéngs näischt mam klassesche Schachspill ze dinn. Am folgende Video ginn d'Spill an d'Reegelen erkläert:

https://youtu.be/bsYRxB5YKuI

14/04/2023

Wonnerschéin Opnahm vun der Buergruin an riets der fréierer Bannmillen vu Beefort

Warscheinlech am 11. Jh. ass déi éischt mëttelalterlech Buerg zu Beefort, un engem ale Verkéierswee tëscht Dikrech a Waasserbëlleg, wou schonn zu Réimerzäiten eng Bréck stoung, gebaut ginn.
Nodeems de Gouverneur vu Lëtzebuerg Jean (de) Beck d'Buerg kaaft huet an niewendrun ab ca. 1643 d'Schlass baue gelooss huet, ass d'Buerg lues a lues verfall. 1932 huet den deemolege Proprietär decidéiert, d'Buerg der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.
D'Beeforter Schlass war nach bis 2012, bis zum Doud vun der leschter Besëtzerin bewunnt. D'Schlass ka mëttlerweil och besicht ginn. Béid Gebaier gehéieren zanter 1981 dem Staat.
Op der Foto steet riets d'Millen, déi haut just nach duerch hir Fundamenter ze erkennen ass. Et handelt sech ëm Gebaier vun der Schlass- resp. Bannmillen vu Beefort, wou d'Leit aus der Herrschaft Beefort hir Kären hu misse muele loossen.
D'Millen ass fir d'éischte Kéier 1557 ernimmt ginn. D'Besëtzer resp. d'Piechter vun der Millen loossen sech ab ca. 1611 rekonstruéieren, éischte bekannte Mëller war de "Jean le vieulx musnier". Besëtzer waren natierlech ëmmer d'Schlasshären vu Beefort.
Ënnert de Piechter fanne mir 1624 den Diederich Wollf, 1656 e Kniecht, 1686 d'Mëller Nicolas an Anne Marguerite Fischbach-Birk, 1706 d'Mëller Petrus an Maria Kleins-Fischbach, 1728 de Mëller Theodore Kohl, 1730 dej Eugène Arnoldi, 1742 de Pierre an d'Anna Laschett déi d'Millen erneiert hunn.
E Steen iwwert der Entréesdier vun der Millen huet d'Joreszuel 1742 gedroen, d'Joer wou d'Millen renovéiert gouf. De Kär vum Gebai war awer vill méi al.
1754 ass e gewëssenen Nicolas Grevelding am Millerad verongléckt.
De Verwalter vum Schlass, Henri Even huet et 1882 selwer kaaft an am Schlass eng Konservefabrik opgeriicht. Och d'Millen huet zum Betrib gehéiert an si huet bis zum Ufank vum 1. Weltkrich sécher funktionéiert.
Mat der Zäit ass d'Millen mat Efeu zougewuess an och d'Niewegebai ass verfall. 1950 ass alles ofgerappt ginn a just e puer schéin Hasteng sinn am Schlassberéng vermauert ginn.

02/03/2023

Pünktlich zum 1. März genau einen Monat vor unserer Eröffnung 🏰
dürfen wir Euch unsere Veranstaltungen als kleine "Appetizer" präsentieren.😉😀
Für Jung und Alt ist alles dabei.😀

Ee Bléck hannert de Kulisse beim Opbaue vun der Beeforter Buerg, déi dëse Sonndeg um 19 Auer ugefaange gëtt
24/02/2023

Ee Bléck hannert de Kulisse beim Opbaue vun der Beeforter Buerg, déi dëse Sonndeg um 19 Auer ugefaange gëtt

Am vergangenen Donnerstag- und Freitagabend trafen sich etwa ein Dutzend Angehörige der Amicale der Beforter Feuerwehr auf einem Feld. Ihr Ziel: aus mehreren hundert Einwegpaletten, gestiftet von Unternehmern, soll eine Burg nach dem Vorbild der Beforter Festungsanlage errichtet werden. Das Grundge...

30/01/2023

🏮🎶😁 Liichtmëssdag steet firun der Dier 🏮🎶😁

Wéini? Donneschden, 2. Februar 2023

Mir vun der Elterevereenegung freeën eis Iech matzedeel, dass mir mat den Kanner ab 16h00 duerch Duerf gin fir den Awunner een schéint Lidd dierfen fir ze sangen waat d’Kanner mat ganz vill Freed an Begeeschterung geléiert hun 😊

03/12/2022

Zu Beefort erkläert d'Diana dem Kätti den Ënnerscheed tëscht engem Schlass an enger Buerg ass. Hei entdeckt d'Kätti och d'Geheimnis vun der Folterkammer.

Éischt-Hëllefs-Cours den 10. a 17. Dezember zu Beefort
01/12/2022

Éischt-Hëllefs-Cours den 10. a 17. Dezember zu Beefort

Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil é...

26/11/2022

Adventsgottesdéngscht de Moien am Haff vum Renaissance-Schlass

23/11/2022
16/11/2022
15/11/2022
07/11/2022

Eis Equipe sinn dës Woch a folgende Gemengen 👇

Beefort, Bech, Biissen, Colmer-Bierg, Duelem, Iechternach, Fëschbech, Koplescht, Lëtzebuerg, Mamer, Munneref, Noumer, Parc Housen

Si hunn en Tablett dobäi, droen UNICEF Kleedung, a froe kee Boergeld. Si erklären iech wat sinn a wisou déi esou wichteg fir eis Aarbecht sinn.

20/10/2022
13/10/2022

Zu Beefort ginn et direkt zwee wichteg Zäitzeie vum Lëtzebuerger Patrimoine, dat mat der Ruin vun enger Buerg aus dem 11. Joerhonnert an engem Schlass vun 1649.

Adresse

9, Rue De L'Eglise
Beaufort
6315

Öffnungszeiten

Montag 08:30 - 12:00
14:00 - 16:30
Dienstag 08:30 - 12:00
14:00 - 16:30
Mittwoch 08:30 - 12:00
14:00 - 20:00
Donnerstag 08:30 - 12:00
Freitag 08:30 - 12:00
14:00 - 16:30

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Beeforter erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Beeforter senden:

Videos

Teilen

Medienfirmen in der Nähe


Sie können auch mögen