Opus 100,7

Opus 100,7 Den opus 100,7 ass de Radiosender fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg. Lancéiert gouf de Sender am Joer 2023 als rengen Internetradio.

Et ass e Schwësterprogramm vum radio 100,7, aus deem sengem Programm en d’Noriichten iwwerhëlt.

Den Alessandro Urbano huet zesumme mat Uergel an dem Kammerchouer vum Namur, dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release e...
30/01/2025

Den Alessandro Urbano huet zesumme mat Uergel an dem Kammerchouer vum Namur, dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release erausbruecht. Et ass d’Opnam vun engem Live-Concert an der Mäerteskierch vun Diddeleng.

https://www.opus.radio/news/Faure-op-CD?pd=opus

Den Alessandro Urbano bréngt zesumme mat Uergel an dem Kammerchouer vum Namur, dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release eraus. Dat ganzt a Form vun engem Live-Concert, deen opgeholl gouf.

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen ...
28/01/2025

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Solo-Album eraus. Lauschtert hei den Interview mam Museker.


Philharmonie Luxembourg

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus.

Haut ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Phi...
27/01/2025

Haut ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Philharmonie spillen den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich ee ganz passende Concert.

Den däitschen Cellist Alexander Hülshoff kënnt fir d’zweet Kéier op Lëtzebuerg.

De Fred Harles ass am Alter vun 78 Joer verstuerwen. Tëschent 1978 an 2011 war hien Direkter vum Escher Conservatoire. L...
27/01/2025

De Fred Harles ass am Alter vun 78 Joer verstuerwen. Tëschent 1978 an 2011 war hien Direkter vum Escher Conservatoire. Lauschtert hei de Portrait iwwert de fréiere Museksenseignant.

Tëschent 1978 an 2011 war de Fred Harles Direkter vum Escher Conservatoire. Hien ass am Alter vun 78 Joer verstuerwen.

D’Geiistin Hawijch Elders, den Cellist Tom Feltgen an de Pianist Sander Sittig spille fir d’zweet Kéier um Musekfestival...
25/01/2025

D’Geiistin Hawijch Elders, den Cellist Tom Feltgen an de Pianist Sander Sittig spille fir d’zweet Kéier um Musekfestival am Schlass zu Buerglënster – dëst Joer ass déi 43. Editioun.

D’Hawijch Elders, den Tom Feltgen an de Sander Sittig spille fir d’zweet Kéier um Musekfestival am Schlass zu Buerglënster - dëst Joer ass déi 43. Editioun.

United Instruments of Lucilin wëll mat sengem Festival 33,7 weisen, datt een zäitgenëssesch Musek net muss fäerten!
23/01/2025

United Instruments of Lucilin wëll mat sengem Festival 33,7 weisen, datt een zäitgenëssesch Musek net muss fäerten!


Dëse Weekend organiséiert United Instruments of Lucilin de Festival 33,7 an der KuFa. Domat wëllen si dem Public déi Nei Musek méi no bréngen a méiglech Beréierungsängscht opléisen.

Kann ee Witzer mat engem Piano erzielen? De Jean-François Zygel beweist, datt dat méiglech ass. Dëse Sonnden luet hien o...
21/01/2025

Kann ee Witzer mat engem Piano erzielen? De Jean-François Zygel beweist, datt dat méiglech ass. Dëse Sonnden luet hien op e Ciné-Concert an der Philharmonie an a vertount Stommfilmer mat vill Humor.

Kann e Piano Witzer erzielen? Ënner anerem dat, probéiert d'Marie Trussart am Gespréich mam Jean-François Zygel erauszefannen.

De Lëtzebuerger Pianist  huet sech intensiv mam Mozart senge Pianosonaten ausernee gesat an dës elo op fënnef CD'en erau...
20/01/2025

De Lëtzebuerger Pianist huet sech intensiv mam Mozart senge Pianosonaten ausernee gesat an dës elo op fënnef CD'en erausbruecht.

De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller huet sech intensiv mam Mozart senge Pianosonaten ausernee gesat an dës elo op fënnef CD'en erausbruecht.

De Nik Bohnenberger ass de neien Artistic Manager vum Ensemble Recherche. Hie wëll déi 30 Joer Erfarung vum Ensembel not...
18/01/2025

De Nik Bohnenberger ass de neien Artistic Manager vum Ensemble Recherche. Hie wëll déi 30 Joer Erfarung vum Ensembel notze fir en offenen Austausch mat der zäitgenëssescher Musekszeen ze fërderen.
Ensemble recherche

De Lëtzebuerger Komponist wëll d'Erfarung vum Ensembel notzen, fir en oppenen Austausch mat der zäitgenësseger Musekszen z'encouragéieren.

De jonke Geiist Yanis Grisó trëtt mam Schengen Trio vun de Solistes Européens, Luxembourg op. Am Interview schwätzt hien...
17/01/2025

De jonke Geiist Yanis Grisó trëtt mam Schengen Trio vun de Solistes Européens, Luxembourg op. Am Interview schwätzt hien iwwer Grenzen a säi Liewen tëschent Concerten a Studium.

De jonke Geiist Yanis Grisó trëtt mam Schengen Trio vun de Solistes Européens, Luxembourg op.

De Lëtzebuerger Ensembel Machine à trois (Mà3) huet hiren neien Album ‘Unlearn’ opgeholl. E Samschden gëtt dëse mat enge...
15/01/2025

De Lëtzebuerger Ensembel Machine à trois (Mà3) huet hiren neien Album ‘Unlearn’ opgeholl. E Samschden gëtt dëse mat engem Release-Concert virgestallt. Am Gespréich verroden si eis awer am Virfeld méi doriwwer.

Den neien Album vum Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3)

Op Nominatioun vum radio 100,7 a vum opus 100,7 gewënnt de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof de Young Artist ...
14/01/2025

Op Nominatioun vum radio 100,7 a vum opus 100,7 gewënnt de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof de Young Artist of the Year Award bei den International Classical Music Awards 2025.
Benjamin Kruithof - Cellist

De jonke lëtzebuergeschen Cellist kritt de Präis vum Young Artist of the Year den 19. Mäerz beim Galaconcert vun den International Classical Music Awards 2025 an der Tonhalle zu Düsseldorf iwwerreecht.

Den Ensemble Vocal du Luxembourg séngt d’Uropféierung vun der neier Kompositioun “Out, into the void” vum Roland Wiltgen...
13/01/2025

Den Ensemble Vocal du Luxembourg séngt d’Uropféierung vun der neier Kompositioun “Out, into the void” vum Roland Wiltgen. De Komponist wéi och den Dirigent an 2 Chouersänger schwätzen iwwert d’Wierk.

Dohi geet d'Rees an der neier Kompositioun vum Roland Wiltgen, déi de 14. Januar vum Ensemble Vocal du Luxembourg uropgeféiert gëtt.

Den däitsche Pianist Joseph Moog spillt am Escher Conservatoire e Recital aus der Belle Epoque. Wéi eng Komponiste falen...
11/01/2025

Den däitsche Pianist Joseph Moog spillt am Escher Conservatoire e Recital aus der Belle Epoque. Wéi eng Komponiste falen eigentlech ënnert déi “schéin” Zäit?

De Joseph Moog spillt de Samschden (11.1.) am Escher Conservatoire e Recital mat Pianoswierker, déi ënnert de Begrëff "Belle Epoque" falen.

De Martin Rajna gëtt den neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Dëst hunn d’Philharmonie an de Kulturmini...
09/01/2025

De Martin Rajna gëtt den neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Dëst hunn d’Philharmonie an de Kulturminister Eric Thill haut kuerz no 11 Auer op enger Pressekonferenz matgedeelt.

Elo ass et offiziell! Den ungaresche Museker iwwerhëlt d'Direktioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Op Instagram huet d'Philharmonie e Video gepost, deen en Hiweis an dës Richtung gëtt. Den Numm stëmmt mat där Info iwwer...
08/01/2025

Op Instagram huet d'Philharmonie e Video gepost, deen en Hiweis an dës Richtung gëtt. Den Numm stëmmt mat där Info iwwerteneen, déi mir well vu verschiddene Quellen héieren hunn. Vun offizieller Säit krute mir dës Informatioun net bestätegt.

Op Instagram huet d'Philharmonie e Video gepost, deen en Hiweis an dës Richtung gëtt. Den Numm stëmmt mat där Info iwwerteneen, déi mir well vu verschiddene Quellen héieren hunn. Vun offizieller Säit krute mir dës Informatioun net bestätegt.

Aktuell bereeden sech 10 Musekerinnen a Museker am Kader vun der Luxembourg Philharmonic Academy zesumme mat de Lëtzebue...
08/01/2025

Aktuell bereeden sech 10 Musekerinnen a Museker am Kader vun der Luxembourg Philharmonic Academy zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op eng professionell Orchester-Carrière vir. De Patrick Coljon, Head of Orchestra, verréit méi.

Zanter 2021 ginn an der Akademie vun der Philharmonie, jonk Musikerinnen a Museker op eng professionell Orchester-Carrière virbereet.

🎙 Hanner den Téin: Episod 2 elo disponibel🎙🎧 https://opus.radio/shows/20885112?pd=opusAm zweeten Episod erzielt d’Invité...
26/12/2024

🎙 Hanner den Téin: Episod 2 elo disponibel🎙
🎧 https://opus.radio/shows/20885112?pd=opus

Am zweeten Episod erzielt d’Invitée Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt d’Pianistin eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll.

Hanner den Téin ass e Podcast vum opus 100,7. Als Dirigent huet den Host Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn, wat si doru faszinéiert, wat si inspiréiert a wat si domat ausdrécke wëllen.

Cathy Krier
Pit Brosius

Adresse

21A, Avenue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Telefon

+3524400441

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Opus 100,7 erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Opus 100,7 senden:

Videos

Teilen