🎙️ A Fiasko Fest ass et dës Kéier ënnert anerem iwwert d’Angscht geschwat ginn. Beim Luc Spada am Studio waren de Yannick Muller, deen der vläicht als Bobby Bieles op der Antenn vum radio 100,7 kennt, an d’Schauspillerin Magaly Teixeira.
A si huet erkläert, wat et mat enger vun hiren Ängschten op sech huet.
🎙🌄 Moiesstudio - Besser informéiert an den Dag mam Maurice Molitor.
Ville Lëtzebuerger:innen ass de Maurice Molitor als Televisiounsjournalist e Begrëff. Zanter 2017 ass hien um radio 100,7 haaptsächlech domat beschäftegt, Interviewen ze féieren an eppes aus sengen Invité(e)n erauszekréien.
Méi aktuell Informatiounen, méi Hannergrënn 🔍, gutt Musek 🎶 an inspiréierend Iwwerraschungen 😮 - dat erwaart lech am Moiesstudio. Vu méindes bis freides tëscht 6 a 9 Auer.
Mam Moiesstudio um radio 100,7 start Dir besser informéiert an den Dag!
Brauch een ee gebrachent Häerz, fir gutt ze schreiwen? Déi Fro huet de Luc Spada de Schrëfsteller Antoine Pohu gestallt.
An dëser Episod war hien deen eenzegen Invité beim Luc Spada. Dee sech dofir voll a ganz op den Antoine Pohu konzentréiere konnt. Iwwert bal eng Stonn hu si iwwert d’Schreiwen, Ängscht, a Succès geschwat, awer och iwwer Kriticken, déi net ëmmer positiv ausfalen.
Et ass awer och ëm de Schreifprozess vum Antoine Pohu gaangen a wat hie brauch fir ze schreiwen.
🎙🌄 Moiesstudio - Besser informéiert an den Dag mam Christiane Kleer.
D’Christiane Kleer féiert iech entspaant duerch de Moien vu 6 bis 9 Auer mat spannenden Interviewen a Reportagen. D’Christiane ass zanter knapps 10 Joer fir de radio 100,7 am Asaz a gouf Ugangs des Joers Vizechefredakterin vum Sender.
Méi aktuell Informatiounen, méi Hannergrënn 🔍, gutt Musek 🎶 an inspiréierend Iwwerraschungen 😮 - dat erwaart lech am Moiesstudio. Vu méindes bis freides tëscht 6 a 9 Auer.
Mam Moiesstudio um radio 100,7 start Dir besser informéiert an den Dag!
🌊 The Aquatic Museum a reduzéierter Form live aus dem Studio 8 vum radio 100,7.
🎧 Lauschtert d'Aircheck Session mat der Bandleaderin Claire Parsons an dem Matbegrënner Laurent Peckels elo an eiser Mediathéik oder kuckt de Video op Youtube📺
🌊 The Aquatic Museum a reduzéierter Form live aus dem Studio 8 vum radio 100,7.
🎧 Lauschtert d'Aircheck Session mat der Bandleaderin Claire Parsons an dem Matbegrënner Laurent Peckels elo an eiser Mediathéik oder kuckt de Video op Youtube📺 .
🎙🌄Moiesstudio - Besser informéiert an den Dag mam Rick Mertens.
De Rick Mertens ass virun allem moies fréi bei eis um Radio ze héieren, wann hien eisen Invitéë vum Dag kritesch Froen stellt, déi si heiansdo och mol an d’Schweesse bréngen 😥.
Méi aktuell Informatiounen, méi Hannergrënn 🔍, gutt Musek 🎶 an inspiréierend Iwwerraschungen 😮 - dat erwaart lech am Moiesstudio. Vu méindes bis freides tëscht 6 a 9 Auer.
Mam Moiesstudio um radio 100,7 start Dir besser informéiert an den Dag!
🌊 The Aquatic Museum a reduzéierter Form live am Studio 8 vum radio 100,7.
🎧 Lauschtert d‘Aircheck Session mat der Bandleaderin Claire Parsons an dem Matbegrënner Laurent Peckels elo an eiser Mediathéik oder kuckt de Video op Youtube📺 .
Féieren dem Mouvement écologique seng Kriticke just dozou, datt d'Leit decouragéiert ginn? Den Ëmweltminister Serge Wilmes fënnt: Jo.
Féieren dem Mouvement écologique seng Kriticke just dozou, datt d'Leit decouragéiert ginn? Den Ëmweltminister Serge Wilmes fënnt: Jo.
⏰ 🎙️Moiesstudio - Besser informéiert an den Dag.
Méi aktuell Informatiounen, méi Hannergrënn, gutt Musek an inspiréierend Iwwerraschungen - dat erwaart lech vun haut un am Moiesstudio. Moderéiert gëtt d'Emissioun tëschent 6 a 9 Auer vu Journalisten a Journalistinnen. Ofwiesselnd sinn de Maurice Molitor, d'Christiane Kleer an de Rick Mertens moies fir lech am Asaz: Si schätzen d'Aktualitéit an, hannerfroen Aussoe vun den Invitéen an erklären d'Geschichten hanner den Headlines.
Mam Moiesstudio start Dir besser informéiert an den Dag!
🎧 Lauschtert d'Aircheck Session vum Daniel Balthasar & Band elo an eiser Mediathéik oder kuckt de Video op YouTube 📺 . Link an der Bio☝️